Den 10. Dezember éiert Billboard verschidde Fraen aus dem Musekbusiness bei hirem "Women of the Year" Event. An d'Cardi B soll "Woman of the Year" ginn.

Net nëmmen d'Cardi B gëtt bei dësem Event geéiert. D'Jennifer Lopez kritt zum Beispill de "Prestigious Icon Award" wéinst sengem Impakt op d'Musekindustrie, an d'Dua Lipa ass als "Powerhouse Act" zeréck behale ginn. Dëst well säin Album "Future Nostalgia" a villen Hinsichten 2020 dominéiert huet.

Ma wéinst dem Cardi B senger Nominatioun als "Woman of the Year" gouf et awer vill Kritik. Et ass nämlech eng vun deenen héchsten Auszeechnung déi Billboard vergëtt. Well, esou d'Kritiker, vum Cardi B gouf et eigentlech "just" een eenzegt neit Lidd dëst Joer. Säin Titel "WAP" zesumme mat der Rapperin Megan Thee Stallion.

An engem Video op Instagram huet d'Cardi elo reagéiert. Do huet d'Sängerin gewisen, dass et guer net frou iwwert des Kritik war. Well och wann et eigentlech "nëmmen" ee Lidd eraus bruecht huet, wier WAP déi "meeschtverkaafte, meeschtgestreamte Single vum Joer, déi Single wéinst der Republikaner op der Tëlee gekrasch hunn, an dat an 3 Méint ee 6-fache Platinstatus huet". Donieft hätt et eeben och nach seng eege Kollektioun vu Sneakers erausbruecht, an iwwert ee Joer d'Leit an den USA zu de Walen informéiert. Sief dat duerch seng Talks mat verschiddene Presidentschaftskandidaten, firwat d'Strikt an d'Midterm-Wale wichteg sinn oder wien déi verschidde Senatore sinn. Mam Saz: "I won’t ever change. Eat it up, I’m just that bitch." huet d'Cardi B seng Argumentatioun opgehalen. An och Billboard huet genee dës Aktivitéiten als Grond ugesinn ze soen, dass d'Cardi B dëst Joer als Fra een immense Afloss hat.