''Monster'' nennt sech de Song an ass en Track deen eigentlech vum Message hier zimmlech kritesch ass.

Den Justin Bieber ass den Idol vum Shawn Mendes, esou op allefalls mol de Shawn. Ma genau dowéinst huet de Museker den Justin Bieber kontaktéiert an d’Iddi proposéiert e Song zesummen opzehuelen.

Haut ass d’Single ''Monster'' vun deenen 2 nämlech offiziell released ginn. Am Song geet et drëms wéi d’Gesellschaft, Promien op e Podest stellt an dann nokuckt wéi se falen an dat ganzt dann natierlech och nach dokumentéieren an Entertainment doraus maachen.

E Song deen also Zimmlech kritesch ass.