D'Music Awards ginn och dëst Joer nees iwwerreecht an dat ganzt zitt sech deemno iwwert eng ganz Woch.

Ab dem 4. Dezember ginn d’Apple Music Awards 2020 iwwerreecht, ma d’Gewënner vun deene fënnef Kategorie stinn elo scho fest. Apple no, gi mat den Awards déi beschte Museker vum Joer 2020 an hiren enormen Afloss op déi global Kultur gewierdegt. Eng Gewënnerin ass do, d’Taylor Swift, dat bei der Präisiwwerreechung zu der Songwriteri vum Joer gekürt wäert ginn.

An der Pressematdeelung vun Apple steet iwweregens, dass d’Iwwerreechung um Méindeg den 14. Dezember 2020 ufänkt. Dat ganzt zitt sech iwwert eng Woch mat Optrëtter, Fanveranstaltungen, Interviews an nach vill méi. Iwwerdroe gëtt dat ganzt weltwäit op Apple Music, Apple Music TV an iwwert d’Apple-TV App.