Se kommen aus Südkorea, sinn zu 7 an der Band a ware mat ''Dynamite'' schonn op der 2. Kënnt elo eventuell Plaz 1 mat ''Life Goes On''?

Déi Südkoreanesch Grupp BTS, bestoend aus dem J-Hope, Jimin, Jin, Jungkook RM, Suga a V ass um gudde Wee hier aller éischt Nummer 1 Single an de UK Charts ze plazéieren. Dat nat mat Dynamite, e Song dee schonn op der Plaz 3 vun den Charts war, mee mat ''Life Goes On'' e Song deen zesumme mam Musekvideo lescht Woch de Freideg released ginn ass. De Song ass, bis elo op jiddefalls, deen Track dee säit dem Freideg am meeschten erofgeluede ginn ass an huet bis elo och nach déi meeschte Video-streams an deene leschten 48 Stonnen.

An engem provisoresche Ranking gëtt dat neit Lidd vun de Südkoreaner schonn no 2 Deeg aus der aktueller Chart-Week op Plaz 2 gesinn. Dat ergeet aus Analyse vun Downloads a streams vun deene leschten 48 Stonnen. Dobäi muss ee soen, dass et aussergewéinlech ass, well d'Museker net wéi bei Dynamite op Englesch sangen, mee op Koreanesch.

''Life Goes On'' ass de Freideg, zesumme mam neien Album ''BE'' vun der Band released ginn.