D'Sängerin huet sech dofir musikalesch Verstäerkung fir den Titel "Holiday" geholl.

Den Album "A Very Trainor Christmas" ass deen éischte Chrëschtdagsalbum vun der amerikanescher Sängerin. An do dierf ee sech elo net einfach just Coveren vu bekannte Chrëschtlidder erwaarden. Esou ass den Titel "Holidays" eng eege Kompositioun. A klengt net onbedéngt no engem typesche besënnleche Christmas-Song. Zesumme mat den R&B Legenden vun "Earth, Wind & Fire"asse ee Lidd entstanen, dat een definitiv motivéiert fir ronderëm de Beemchen ze danzen.

D'Sängerin ass jo aktuell schwanger. Ma fir de Videodréi vun "Holidays" war d'Meghan schonn am 5. Mount. A sengem klenge Bouf schéngt d'Musek och gutt gefall ze hunn. Dem Meghan no hätt dee Klengen scho kräfteg mat gedanzt. An zwar esou därmoosse vill, dass d'Sängerin sech misst kuerz leeën.