D'Auktiounshaus "Goldin" bezeechent et als "wichtegste Géigestand vun der Geschicht vum Rock'n'Roll".

Den 8. Dezember 1980, just 5 Stonnen ier en erschoss gouf, huet den John Lennon nach sengem Mäerder den Album "Double Fantasy" ënnerschriwwen. Een Dag deen d'Fans vum Museker mee och déi ganz Musekswelt schwéier getraff huet. Ma genee dësen Album gëtt elo versteet.

D'Stee huet den 23. November ugefaangen, an d'Startgebot louch schonn direkt bei 400'000 US-Dollar. Nieft der Ënnerschrëft vum John Lennon gouf nach mat engem bloe Stëft 1980 drop veréiwegt, an och d'Beweismarkéierunge vun der Police vun deemools sinn nach ëmmer drop ze fannen. Den Mark David Chapman, de Mäerder vum Lennon, hat den Album iwwregens einfach an engem Blummendëppen virum Gebai leie gelooss. Ee Foussgänger hat den Album fonnt an en der Police iwwerginn.