Wann dem Barack Obama säi Liewe sollt verfilmt ginn, wier den Drake ee méigleche Kandidat.

Keng Angscht, de kanadesche Rapper wäert net probéieren deen nächste President vun den USA ze ginn! Ma an der "360 With Speedy Morman"-Show krut de fréieren US-President Barack Obama eng ganz Partie Froe gestallt.

Ma d'Fro ass och opkomm, wat de Barack da géif dovun halen, wann den Drake d'Roll vum éischten Afro-Amerikanesche President géing iwwerhuelen. An do huet de fréiere Chef vum "Oval Office" gemengt, dass hien sech dat gutt kéint virstellen. Besonnesch seng zwou Duechteren, d'Malia an d'Sasha wiere wuel mat dëser Wiel ganz zefridden. "Den Drake huet de "Stamp of approval" vu mengem Stot".