A sengem Dokumentarfilm weist de Sänger sech wéi en ass a gëtt elo zou "et gesäit een deen Typ, deen och en Aarsch ka sinn".

Wann een un de Shawn Mendes denkt, kënnt engem eigentlech net d'Wuert "bad boy" an de Kapp. De Museker gëtt sech meeschtens gutt erzunn, e wierkt wéi de perfekte Schwéierjong a verkierpert natierlech d'Bild vum talentéierte Museker, ma am Dokumentarfilm "Wonder" weist de Kanadier sech och mol vun enger anerer Säit.
An engem Gespréich mam Alicia Keys huet de Shawn Mendes doriwwer geschwat, dass hien et wichteg fënnt net just déi "gutt Säiten" vu sech selwer ze promote mee ganz éierlech mat senge Fans ze sinn. Den Hannergrond dovun ass natierlech den Netflix-Documentaire "Wonder", deen ee mëttlerweil op der Plattform kucke kann. Dat schwieregst dorun e Film ze produzéiere wär dem Museker no, d'Beaarbechte vun den Zeenen an d'Decidéiere wéi eng dra bleiwen a wéi eng een net weise wëll.

"The hard part was editing because when things start coming together, you start seeing the guy on the screen who looks amazing and sounds amazing and seems so caring and loving. But you also see the guy who's kind of a d**k sometimes when he gets scared and gets frustrated -- and you're like, 'Uh, I don't know if I want people to see that guy.'"

Doropshin huet d'Alicia Keys natierlech gefrot wéi een domat ëmgeet an ob e sech esou weise géif an de Shawn huet confirméiert, och wann e sech deels iwwerwanne misst, wéilt hien authentesch bleiwen. An dozou gehéiert eben och net ëmmer perfekt ze reagéieren oder ze handelen.