Verschidde Kënschtler schaffen wärend der Pandemie doheem un neier Musek an anerer klemme sech hannert d'Technik fir e séieren Tracing ze erméiglechen.

Wann ee vun de Fanta-4 schwätzt, dann denkt een direkt u genial Musek a 4 Männer déi et an der Musekswelt ganz wäit bruecht hunn. Ma déi hunn nees op sech opmierksam gemaach an dat elo net mat Musek, mee mat enger App.

De Smudo, Michi Beck, Thomas D an den Andreas Rieke hunn eng Corona-App rausbruecht, déi de Contact-Tracing ënnerstëtze soll. De Programm heescht ''Luca'' an ass momentan nach am Testduerchlaf. Dofir hu sech d'Berliner Ënnerstëtzung vun der Firma ''neXenio'' geholl.

Mat ''Luca'' kënne sech Cliente vu Restauranten, Caféen oder Kulturevenementer per QR-Code aloggen. D'Iddi ass hei fir déi nerveg Adressopnam, déi momentan an Däitschland mat Ziedelen ofleeft, méi einfach an ouni Pabeier ze maachen.

D' App späichert um Handy esou eng Aart Visitten-Agenda. Dorobber huet nëmmen dat lokaalt Gesondheetsamt Zougrëff, wann den Notzer dat fräigëtt. Esou kënne Kontakter no Infektioune séier, liicht a sécher noverfollegt ginn.