D'Band Seaforth weist an engem TikTok-Video, wéi een a just 30 Sekonnen een AC/DC-Song schreift.

Batterie, Bass, Gittar an eng exzellent Marge-Simpson-Imitatioun: Der australescher Band Seaforth no geet dat duer, fir e Song vun der Hard-Rock-Band AC/DC ze schreiwen. An engem kuerzen TikTok-Videoclip erklären di 2 Männer hannert dem Account „weareseaforth“, wéi een d'Grupp am beschten imitéiert.

Am TikTok-Video erklären di 2 Bandmembere vu Seaforth, dass den Text egal ass, wann d'Stëmm passt. D'Parodie ass direkt viral gaangen. Méi wéi 1,3 Opriff konnt de Videoclip vu „weareseaforth“ bis ewell notéieren.

@weareseaforth

marge simpson/10 😂 #fyp

♬ original sound - seaforth
href="https://www.tiktok.com/music/original-sound-6896162843591248646">♬ original sound - seaforth