Et huet laang gedauert, mee elo sinn all d'Gewënner vun de Popstar-Staffelen och op Spotify a co. disponibel.

Wien vun 2000 bis 2010 all Staffel vu Popstars gekuckt huet an och d'Bands déi dobäi entstane si gefeiert huet dierf sech elo freeën! D'Bands wéi No Angels, Monrose, BroSis, Nupagadi sinn elo op de Streaming-Plattformen ukomm. Dat, well BMG Rights Management elo dee komplette Kënschtler-Katalog vum Label Cheyenne Records kaf huet, deen all d'Bands déi bei Popstars entstane sinn ënner Vertrag hat.

Ma déi fréier Bandmember vun No Angels hu sech iwwert d'Nouvelle gefreet. Fir si wier et ee fréizäitege Chrëschtkaddo, dass hir Musek elo och op Streamingplattformen disponibel ass. BMG Rights Management weist sech och ganz zefridde mat dëser Decisioun. Verständlech: eleng d'Band No Angels gëllt als déi meeschtverkaafte Girl-Group aus Däitschland, an als erfollegräichste Girl-Band aus den 2000er wann ee kontinental Europa kuckt.