Mat enger neier Single mellt de Liam Gallagher sech zeréck. Et ass déi éischt nei Musek vum brittesche Sänger zanter 2019.

"All You're Dreaming Of" ass déi éischt Musek vum Liam Gallagher déi een als "Chrëschtmusek" bezeechne kann. Wéi de fréieren Oasis-Member selwer sot, wier et eng Mëschung tëscht dem John Lennon sengem "Imagine" a "Wonderful Life" vu Black.

Ma virun allem wëll de Liam e bësse Rou an Hoffnung mat sengem Lidd ënnert d'Leit bréngen. "No deem Joer dat mer all haten, hoffen ech dass ech e bësse wuelverdéngte Léift an Hoffnung ka bréngen. De Bing Crosby wier houfreg gewiescht."