An engem Interview mat der GQ huet de kanadesche Sänger iwwert säi Kierper geschwat, a mam Drock eenz ze ginn ëmmer musse "perfekt" ze sinn.

Et ass een Thema dat een eigentlech méi heefeg bei weibleche Stars héiert: den Drock ronderëm de perfekte Kierper. Ma och Männer sinn dovu betraff. Esou huet de Shawn Mendes an engem rezenten Interview mat der GQ-Zäitschrëft doriwwer geschwat, wéi seng Frëndin d'Camila Cabello him dobäi gehollef huet.

Besonnesch nodeems de Shawn een Deal als Model fir "Calvin Klein"-Ënnerwäsch krut wier den Drock immens geklommen. Hie wier der Meenung gewiescht hie misst de Combel u Fitness duerstellen. An, dass hien och soss ee perfekten Image misst hunn. Dee ganzen Drock ronderëm seng Persoun huet de Shawn Mendes och a senger rezenter Single "Monster" mam Justin Bieber thematiséiert.

Déi Persoun, déi him schlussendlech bäibruecht huet fir mat sech am Rengen ze sinn war seng Frëndin Camila Cabello. Esou sot de Shawn, dass hien ëmmer nees erstaunt doriwwer war wéi gutt hatt domat eenz ginn ass, dass aner Leit säi Kierper kritiséiert hunn. Domat net genuch, hatt stoung dem Shawn no net nëmmen iwwert dëser Kritik, mee huet och anere Leit gewisen, dass se kënne frou si mat hirem eegene Kierper. Doduerch wier hien och elo méi calme, a géif de Fitness och elo heiansdo si loossen, an dofir sengem Kierper eppes gutt doen, zum Beispill mat e puer Stonne méi Schlof.