Mat hirem 9. Studioalbum "Be" ass d'K-Pop Band mat fir dobäi an den amerikaneschen Charts.

D'Pop-Sensatioun BTS aus Südkorea ass weider am gaangen ofzeraumen. An dat obwuel hir Musek gréisstendeels op Koreanesch ass! Mat hirem neien Album "BE" sinn déi 7 Südkoreaner nees op der 1. Plaz vun de Billboard-Album-Charts gelant. Fir zweet dëst Joer: de Virgänger-Album "Map of the Soul: 7" deen am Februar erauskoum war deemools och op der éischter Plaz ukomm. Dat ass bis elo déi zweete Kéier dass ee Kënschtler oder eng Band dat hikritt hunn.

Am Ganzen ass et déi 5. Kéier fir BTS, dass se mat engem Album ganz uewen un der Spëtzt stounge vun den amerikaneschen Charts. An dat an engem Zäitraum vun 30 Méint.