© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Jason Merritt
D’Pop-Ikone vun den 90er an 2000er maachen elo gemeinsam Saach!
"Oops I did it again" trëfft "Everybody" an dat 20 Joer nodeems d’Kënschtler den Héichpunkt vun hire Karriäre gefeiert hunn. De Freideg huet d’Britney Spears d‘Kollaboratioun mat de Backstreet Boys op senge sozialen Netzwierker annoncéiert.
"Matches", esou heescht dat gemeinsamt Lidd a Fans vun der Pop-Ikon dierften net enttäuscht sinn: Et handelt sech em e klasseschen Pop-Song mat typeschem Autotune-Britney-Sound. De Feature ass Deel vun der aktueller Deluxe-Versioun vu sengem Album "Glory".