Mat "Wonder" ass et dem Museker mol nees gelonge ganz vir an den Charts ze landen.
De "Señorita"-Sänger huet et mol nees un d’Spëtzt vun den Charts gepackt, dat duerch säin aktuellen a 4. Studio-Album "Wonder". Domat ass et dann och dem Shawn Mendes säi 4. Album, deen et direkt un d’Nummer 1 vun den Billboard 200 Charts packt.
Mat 4 vu 4 Alben ganz vir an d’Charts erageklommen, dat ass net déi schlechste Bilanz. An och déi eenzel Singelen aus dem Album maache sech net schlecht an de Rankings weltwäit. Och am Eldo Chartbreaker steet de kanadesche Sänger aktuell zesumme mam Justin Bieber an dem Track "Monster" an den Top 10.