Net just d'FKA twigs soll vum Schauspiller physesch a psychesch mëssbraucht gi sinn...

Nodeems d’Musekerin FKA twigs de Shia LaBeouf wéinst Mëssbrauch ugeklot hat, huet sech elo och seng Ex Sia zu Wuert gemellt. De Samschdeg den Owend hat d’FKA twigs mat engem Statement op Instagram reflektéiert wisou hatt mat den Uschëllegunge géint de Schauspiller an d’Ëffentlechkeet gaangen ass. No engem Joer Bezéiung zum "Transformers"-Duersteller hätt déi brittesch Musekerin et mat Hëllef vun engem Therapeuten endlech gepackt vum LaBeouf lass ze kommen a wëll duerch d’Deele vu senger Geschicht anere weisen, dass se net eleng sinn an et och packe kënnen.

Genee déi Wieder schéngen och beim Sia ukomm ze sinn, wat och mol mam Schauspiller eng Bezéiung gefouert huet. Wéi d’Musekerin selwer elo ëffentlech mécht, war dat allerdéngs keng gesond Relatioun an och hatt huet dem LaBeouf géigeniwwer Virwërf ze maachen.

Op Twitter schreift d’Sia, dass hien hatt emotional verletzt hätt an e krankhafte Ligener wär, deen him deemools erzielt hätt Single ze sinn obwuel e mat enger anerer Fra bestuet war.

De Shia LaBeouf selwer huet sech mëttlerweil och scho geäussert a behaapt, dass vill vun den Uschëllegungen esou net stëmme géifen. Wéi eng en domat genee mengt huet en allerdéngs net preziséiert. Fir déi Saachen, déi e gemaach huet, wéilt en awer Verantwortung iwwerhuelen.