© KEVIN WINTER / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Déi schwedesch Rocker wëllen am Januar 2021 weltwäit Concerte ginn an dat natierlech coronagerecht.
Déi éischt "World Wide Web Welttournée" wäert et der Band "The Hives" erméiglechen trotz der Pandemie weltwäit Concerten ze ginn. Déi schwedesch Rocker hunn annoncéiert vum 21. bis den 30. Januar 2021 op Tour ze goen a well dat wéinst den aktuellen Ëmstänn natierlech net grad esou einfach ass hu si sech fir eng komplett virtuell Show doraus ze maachen.
Hei kënnen d'Leit net just via Livestream eraschalten, wéi dat bei de meeschte Concerten aktuell de Fall ass, mee se sollen och mat der Band interagéieren. Fans kënnen uruffen, Audio-Message schécken, déi dann ofgespillt gi wéi wa se et um Concert an de Raum géife jäizen, mat vote wéi eng Songs als nächst gespillt ginn an et gëtt esou opgezu wéi wann d'Museker tatsächlech a verschiddene Stied a Länner wär.
Esou kréien esouwuel d'Fans, wéi och d'Band, d'Gefill si wären exklusiv op engem ganz bestëmmte Concert. Dofir ginn dann och d'Zäite vun de Shows ugepasst: Spille se zum Beispill an Australien, wäerten d'Rocker um ganz freie Moie missen dru gleewen an optrieden. Och Publikumsgeräischer vu Shows aus där Stad wäerten agespillt ginn an eng anstänneg Bünen- a Luuchtenshow gëtt och versprach. D'Rocker selwer wäerten natierlech vun doheem aus (Schweden) performen.
Tickete ginn et elo schonn an da kann ee sech op e Concert freeën, bei deem d'Chancen, dass e wéinst engem Lockdown ofgesot gëtt, relativ geréng sinn.