© Eldoradio
Den Erléis vum Livestream-Event soll Mënschen zoukommen, déi hannert de Kulisse vun der Museksbranche schaffen.
Beim digitale Festival #lauterwerden, bei deem Museker wéi Die Fantastischen Vier, Milky Chance, Adel Tawil, Fritz Kalkbrenner, Rea Garvey a vill méi opgetruede sinn, gouf eng enorm Zomm u Spenden erziilt.
Iwwert de Weekend hunn d'Kënschtler hei via Livestream op d'Situatioun vun der Musek- an Eventbranche opmierksam gemaach an dozou opgeruff Sue fir d'Crew Nation, also d'Leit am Hannergrond vun eben dëser Zeen, ze sammelen. Am Endeffekt sinn dobäi 813.255 Euro zesumme komm.
Op Grond vun der Pandemie sinn honnertdausend Crew-Leit, Selbstänneger a Museker jo zanter 9 Méint ouni Aarbecht. De Message an och d'Suen, déi #lauterwerden elo esou kuerz virum neie Lockdown deelt ass e Wichtege fir d'Branche a mécht Courage fir déi schwéier Zäiten, déi och no der Kris nach bestoe bleiwen.
D'Museker, déi bedeelegt waren hunn iwwerdeems op all Zort vu Gage verzicht. Enner crewnation.org kann een natierlech nach weiderhi spenden.