Op Instagram huet den Ex-One Direction Member eng Story gedeelt, déi Fans hoffe léisst!

Berouegt iech, nach ass näischt confirméiert mee de Zayn Malik huet seng Follower effektiv mat an de Studio geholl. A sengen Instagram Stories huet ee gesinn, dass den Ex-One Direction Member anscheinend un neiem Material schafft. An deem kuerze Clip huet een e Sound Board gesinn an am Hannergrond eng Melodie um Piano héieren.

Zanter dem Release vu sengem Album "Icarus Falls" hat de Sänger nach e puer Singelen erausbruecht, Fans hoffen awer elo mol nees op e kompletten Album.