D’Sängerin, déi normalerweis fir „Body Positivity“ gefeiert gëtt, huet wéinst engem Regimm vill Kritik erhalen.

D’Lizzo iwwerzeegt net just duerch säi musekalescht Talent, och mat sengen Aussoen a punkto Schéinheetsidealer ass et fir vill Leit en Idol.

D’US-Amerikanerin brengt em déi 140 Kilo op d’Wo a gëtt sech normalerweis ëmmer immens selbstbewosst. D’Sängeri kämpft nämlech fir méi „Body Positivity“ a seet esou zum Beispill „fett a wonnerschéin, dat engt schléisst dat anert net aus“. Ma elo huet d’Musekerin Fotoen a Videoe gedeelt vun engem Detox, deen et 10 Deeg laang gemaach huet an dat kënnt bei ville vu senge Follower guer net gutt un.

@lizzo

practice safe detoxification y’all.

♬ mario sound - mandycap

Déi eng betounen, dass de Star domat e kontroverse Message géif senden, anerer soen, dass esou Kueren einfach geféierlech sinn an een als Influencer eng Responsabilitéit hätt.

Ma mëttlerweil kommen och scho Stëmmen op, déi d'Lizzo verdeedegen.

D'Sängerin huet sech och schonn u seng Fans an Haters adresséiert a betount, dass et d'Detox-Kuerz net gemaach hätt fir Gewiicht ze verléieren. Hatt wollt einfach seng Erfarung online deelen, dat well et och houfreg drop ass, dass et d'Kuer duerchgezunn huet an et em elo besser geet. D'Lizzo betount, dass et domat einfach seng schlecht Iess- an Drenkgewunnechte vun de leschte Woche kompenséiere wollt a ganz niewebäi "kéint all deckt Meedche maache wat och ëmmer et mat sengem Kierper maache wéilt".

@lizzo

Big girls do whatever u want with your bodies!!! I’m just as proud of my results from my smoothie detox as I am of my belly curves and swerves ❤️

♬ original sound - lizzo