Ufanks huet et geheescht de Museker wär u Kriibs gestuerwen.

Kuerz viru sengem Dout soll et dem Eddie Van Halen anscheinend wierklech net gutt gaange sinn, dat virun allem well de Museker scho méi laang u Kriibs erkrankt war. Ufanks huet et dann och geheescht, dass dës den offizielle Grond war. Ma elo ass dann bekannt gemaach ginn, dass de Van Halen un engem Hiereschlag gestuerwen ass. Ausserdeem hat en eng Longenentzündung, déi nieft dem Longekriibs zum Dout gefouert huet.

De 6. Oktober 2020 ass de Rocker am Alter vu 65 Joer vun eis gaangen.