No den Trennungsgerüchter vun November ass et elo offiziell: D'Girlband besteet elo just nach aus 3 Memberen.

Déi éischt Gerüchter, dass d'Jesy Nelson Little Mix wéilt verloosse koume schonn am November op, ma elo ass et dann offiziell: D'Sängerin ass aus der Girlband ausgetrueden.

Mat engem Statement op Instagram huet et sech vu senge Band-Memberen a Fans verabschit an erkläert, dass et mat Little Mix, déi beschten Zäit a sengem Liewe bis elo hat. Ganzer 9 Joer ass et d'Band a senger ursprénglecher Form mam Leigh-Anne Pinnock, Perrie Edwards, Jade Thirlwall an eben Jesy Nelson ginn.

Ma och wann et, wéi d'Jesy seet, déi 9 schéinste Jore waren, war et belaaschtend fir seng mental Gesondheet. "Ech fannen dee permanenten Drock an enger Girlband ze sinn an den Erwaardunge gerecht ze gi schwéier", esou erkläert et säin Austrëtt senge ronn 7.4 Millioune Follower.

D'Fans, wéi och déi aner Fraen aus der Band, weise sech traureg, awer och verständnisvoll an encouragéieren d'Jesy no sech a senger Gesondheet ze kucken.

D'Jesy wär prett fir en neit Kapitel am Liewen, och wann nach net gewosst wär, wat dat bedeit an et hofft weiderhin op d'Ënnerstëtzung vu senge Fans. Gläichzäiteg wënscht et sengen eemolege Band-Kolleeginne weiderhi vill Erfolleg. Viru knapp engem Joer haten d'Musekerinnen iwweregens betount, dass si net dru gleewen, dass ee vun hinnen aussteige wéilt fir eng Solo-Karriär. Ob dat weiderhi sou bleift, dat bleift dann ofzewaarden.