Manner wéi 50 Videoen op YouTube hunn esou eng Leeschtung hikritt. Dem Shawn Mendes seng Single ass dann elo och dobäi.

Beim kanadesche Sänger Shawn Mendes leeft de Moment eigentlech alles gutt. Säin neien Album "Wonder" ass dobaussen an op der Nummer 1, mam Streaming-Gigant Netflix huet en en Documentaire opgeholl an och privat ass de Shawn immens frou mam Camila Cabello.

Ma elo huet seng Single aus dem Joer 2016 "Treat You Better" am Ganze méi wéi 2 Milliarde Views gefeiert. Wéi d'Single erauskoum war de Shawn eréischt 17 Joer al, an huet seng Karriär esou richteg viru bruecht.

De Video vun "Treat You Better" ass awer och näischt fir schwaach Nerven. Am Musekvideo geet et ëm eng abusive Bezéiung. De Shawn probéiert ee Meedchen dovun z'iwwerzeegen, sech vu sengem Frënd ze trennen. Obwuel dësen senger Frëndin souwuel kierperlech wéi och mental Gewalt undeet. Zum Schluss vum Video gëtt dann och d'Hotline fir Affer vun haislecher Gewalt ugewisen.