© François LO PRESTI / AFP
Aus bekannte Grënn huet de Kënschtler alleguer d'Concerte vu senger "Love On Tour 2021" an Europa an a Groussbritannien missen annuléieren.
Dorënner falen ënnert anerem och seng Optrëtter den 20. Februar zu München an de 26. Mäerz 2021 zu Köln, déi jo och fir déi lëtzebuergesch Fans interessant gewiescht wieren. D'Nouvelle huet den Harry Styles via Twitter bekannt ginn. Hien huet betount, datt d'Gesondheet an d'Sécherheet vun eis alleguer fir hien a säin Team iewescht Prioritéit hätten.
Ënnert anerem mat "Adore You" a "Watermelon Sugar" konnt den Ex-OneDirection-Member an der lescht grouss Hits feieren.