© Eldoradio
Dëse Samschden huet de Casper eng ganz besonnesch Iwwerraschung fir seng Fans!
Am Fong organiséiert de Casper all Joer kuerz virun de Feierdeeg säin traditionellen "Zurück Zuhause Festival" a senger Heemechtsstad Bielefeld. Aus bekannte Grënn heescht dat Ganzt dëst Joer awer "Bleib Zuhause Konzert". Den 19. Dezember wäert et deemno e Livestream um Rapper sengem YouTube-Kanal ginn an deem hie sech zesumme mat senge Fans e "Lang Lebe der Tod"-Concert aus dem Joer 2017 ukucke wäert.
Donieft ass awer och geplangt, datt de Casper op Froe vu senge Fans äntwert, et gi Präisser verloust an natierlech wäert och zesummen e Patt Glühwäin gedronk ginn.