D'Déiererechts-Organisatioun PETA vergëtt all Joers e Libby Award u Marken, Prominenter oder Firmen déi sech besonnesch fir Déieren asetzen!

Zwou Gewënnerinne kommen dëst Joer och aus der Musekswelt. D'Sängerin Lizzo huet e Präis an der Kategorie "Favorite Vegan Cooking Videos" gewonnen. Ënnert anerem huet d'Jury seng Kreatiounen op TikTok a säi komplett veganen "Thanksgiving-spread" gefeiert.

@lizzo

WELCOME TO ASMR VEGAN SOUTHERN FRIED TIKTOK

♬ UNDERWATER WONDERSCAPES (MASTER) - Frederic Bernard

D'Selena Gomez huet iwwerdeems e Libby Award fir seng vegan Makeup-Kollektioun ofgeraumt. D'Gewënner:inne bei de PETA-Awards goufen no 3 verschiddene Krittären ausgewielt: Den Enthusiasmus fir Déiererechter, den Interessi vun hire Fans an d'Unzuel vu Votes déi si kritt hunn.