An där besënnlecher Zäit vum Joer beweist den Justin Bieber op en Neits, datt hien einfach e gutt Häerz huet.

De kanadesche Pop-Star huet zesumme mam "Lewisham And Greenwich NHS Choir" eng ganz speziell Versioun vu sengem Hit "Holy" zesumme mam Chance The Rapper erausbruecht. Den Erléis ass fir e gudden Zweck.

De ganze Profit deen duerch d'Single erakënnt wäert den Justin Bieber nämlech un zwou Organisatioune spenden, déi déi aussergewéinlech Efforten vum Gesondheetssecteur wärend der Corona-Pandemie ënnerstëtzen.