50 handgemaache Vibratoren huet den Till Lindemann produzéiert, déi an enger XXL-Holz-Dildo-Verpackung geliwwert ginn.

A Pandemie-Zäite musse sech e puer Kënschtler a Bands eppes Neies afale loossen, fir hir Fans bei Laun ze halen. Dat mengt och de Rammstein-Sänger  Till Lindemann, deen elo 50 Vibratoren produzéiere gelooss huet. „Mic Vibrator” nennt sech de circa 23 Zentimeter klénge Frënd, dee um  “Till sengem Bühnemikrofon inspiréiert wier.

Passend zu all Vibrator huet de Lindemann och eng Penis-Verpackung  produzéiere gelooss. An engem Statement gëtt de Spaass folgendermoossen ugekënnegt:

Nicht von dieser Welt – und wie gemacht für Sie. Unser TILLDO mit dem Geist für das Gefühl, vollkommen ausgefüllt zu sein, überall gleichzeitig erregt zu werden, fast durchzudrehen – auf die schönste Art. Und ganz nebenbei trainierst Du auch noch deinen Beckenboden."

Mat dëse Wierder gouf den 23 Zentimeter kléngen, “hautfrëndlechen, hypoallergene Vibrator  beschriwwen. Den Apparat wier och mat“ Hëllef vun Inspiratioune Clienten produzéiert ginn, wat den Design betrëfft . D‘Holz soll sech deemno der Kierpertemperatur ganz séier upassen an d’Vibratioune vum Motor géifen extrem gutt iwwerdroen.

Wee sech dem Till Lindemann säi Vibrator wëllt heem liwwere loossen, muss allerdéngs 5-8 Deeg op dat gutt Stéck waarden an dofir 500 Euro op den Dësch leeën – d’Liwwerung ass do nach net agerechent  …

Nieft dem “TILLDO” gëtt et a sengem Shop och nei Socketten, eng Penis-Ketten, Buedschong a Kondomer ze kafen.