All Freide presentéiert de Chris iech am labbere Feierowend déi beschte fonkelnei Musek a sengem Soundcheck!

Generell ass et virun de Chrëschtdeeg méi roueg mat neier Musek. Trotzdeem hunn ech mir fir de Soundcheck haut zwou nei Singlen erausgesicht!

Felix Jaehn, Cheat Codes feat. Bow Anderson - I Just Wanna

No sengen Hits "SICKO" oder "No Therapy" ass de Felix Jaehn zeréck mat senger neier Single "I Just Wanna". Dofir huet hien sech d'Ënnerstëtzung vum Produzenten-Trio Cheatcodes geholl an d'Vocals komme vun där schottescher Newcomerin Bow Anderson. "I Just Wanna" huet definitiv net déi Power vum Hamburger senge leschten Tracks, bréngt awer eng richteg cool a lässeg Stëmmung eriwwer. Absolutt ze recommandéieren!

Gims - Jusqu'ici tout va bien

Haut hunn ech dann och emol erëm eng Kéier franséisch Musek vum Gims mat dobäi. De 4. Dezember huet de Kënschtler säin neien a 4. Album "Le fléau" erausbruecht. Do mat drop ass och seng ganz nei Single "Jusqu'ici tout va bien", déi als Titeltrack fir d'TF1-Serie "Ici tout commence" geholl ginn ass. "Jusqu'ici tout va bien" iwwerzeegt virun allem duerch d'Vocals, typesch Gims eben!

Album

Och a punkto Alben ass et virun de Feierdeeg immens roueg. Den Eminem huet eng Deluxe Versioun vu sengem "Music To Be Murdered By" erausbruecht a wien "Jerusalema" feiert, sollt sech onbedéngt dem Master KG säin "Jerusalema (Deluxe)" ulauschteren. Mir notzen awer d'Chance fir iech d'nächst Woch am Albumcheck e bësse méi onbekannte Kënschtler aus Neiséiland virzestellen: Den Niko Walters mat sengem Debut-Album "Escape".