© NOAM GALAI / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP
No laangem mellt sech de Sänger mat enger neier Single, déi den 21 Dezember soll erauskommen.
Fir all Ed Sheeran Fans wäert Chrëchtdag dës Joer villäicht awer nach "Perfect" ginn. De brittesche Sänger huet nämlech an engem Instagram Poste ugekënnegt dass hien den 21 Dezember mat engem Chrëschtkaddo géif zréck kommen. An zwar bréngt hien eng nei Single eraus, an dat no bal 18 Méint "Paus". D'Single soll "The Afterglow" heeschen a géint 12 Auer eiser Zäit verëffentlech ginn.
Säi leschten Album "No.6 Collaborations Project" hat den Ed Sheeran am Joer 2019 erausbruecht, wou ënnert anerem Kënschtler wéi Stormzy, Justin Bieber, Camila Cabello a Cardi B ze héiere sinn.