Um Sonndeg goufen et direkt zwee Kaddoe fir d'Fans vun der däitscher Band. Eemol ee Livestream-Concert an dann direkt eng nei Single dobäi!

Aktuell schéngt et ëmmer méi beléift ze sinn einfach spontan Musek eraus ze bréngen. Déi däitsch Hip-Hop-Grupp "Die Fantastischen Vier" hat gëschter hir Fans invitéiert hir Show "Frohes Fest 2020 – Weihnachten von und mit den Die Fantastischen Vier" ze feieren. An der aktueller Pandemie eng Méiglechkeet fir d'Band hire Fans awer eng kleng Freed ze maachen. Eiegentlech sollten déi 4 dëst Joer nämlech ganzer 30 Joer zesummen als Band feieren. Ma d'Freed war wuel awer nach eemol besonnesch grouss, wéi déi 4 Hip-Hop Pionéier einfach emol nach ganz zum Schluss vun der Show eng nei Single presentéiert hunn.

"Irgendwann" nennt sech dat neit Wierk. A 14 Stonnen hat de Clip vum Museksvideo och direkt emol méi wéi 40'000 Klicks gesammelt.