D'Chance vum Lidd vun "The Kunts" stinn anscheinend ganz gutt fir Chrëschtdag ganz uewe bei de UK Single-Charts ze landen.

Ee Lidd, dat wuel ausdréckt wéi sou munche brittesche Bierger grad iwwert säi Premierminister denkt. D'Lidd vun der brittescher Comedy-Band "The Kunts" ass an den Top 20 vun de brittesche Single Charts ukomm. Eigentlech ass d'Lidd zwar schonn am Juli erauskomm. Ma mat deene méi strenge Mesuren elo iwwer Chrëschtdag si vill Britten net ganz frou. Eigentlech sollten iwwert d'Feierdeeg d'Mesuren nees e bësse gelackert ginn.

Bei den Itunes UK Song Charts stoung "Boris Johnson Is A Fucking C**t" e Sonnden op der zweeter Plaz. A bei Amazon Music ass d'Lidd op der 3. Plaz vun deene meeschtverkaafte Lidder a Groussbritannien an op der éischter Plaz vun den Spotify UK "Viral 50" Charts.

Wéi stinn dann d'Chancen, dass d'Lidd et ganz uewen hi packt? Ma d'Single vun "The Kunts" huet staark Konkurrenz. An aktuell läit et nëmmen op der 19. Plaz vun den offiziellen UK-Charts. Mee wie weess, villäicht gëtt et nach ee klengt Chrëscht-Wonner?