© YouTube Screenshot / Tones And I
An dat eleng op der Streaming-Plattform Spotify!
D'Leit kréien es einfach net genuch vum Duerchbroch-Song "Dance Monkey" vun "Tones And I". Eemol war d'Single vun der fréierer Stroossekënschtlerin jo schonn dee meescht-shazamte Song zanterdeem et d'App gëtt.
Ma bei Spotify ass dem Toni Watson seng Single elo weltwäit méi wéi 2 Milliarde mol gelauschtert ginn. Domat ass hatt déi éischt Fra déi dat erreecht huet, an och deen éischten australesche Kënschtler iwwerhaapt. An domat steet et dann och op der 3. Plaz vun deene meeschtgelauschterte Singles. Virun him si just nach de Post Malone mam Lidd "Rockstar" (2'079 Milliarde mol gelauschtert) an den Ed Sheeran mat "Shape Of You", dat 2,7 Milliarde mol bei den Abonnente gelaf ass.
Béid Lidder sinn iwwregens aus dem Joer 2017. Villäicht kritt "Tones And I" déi zwee jo och nach iwwerholl an danzt da ganz uewen um Podium.