© Screenshot Youtube/Google
15 Joer nodeems "Photograph" erauskomm ass, huet d'Lidd dann säi Comeback an der neier Pub vu Google.
Aus dem Album "All the Right Reasons" vun der kanadecher Band Nickelback aus dem Joer 2005 ass besonnesch d'Lidd "Photograph" zum Internet Phänomen ginn. De Song dee fill Leit beréiert huet gouf och dacks a Memes benotzt oder souguer zum Meme gemaach. Elo huet Nickelback sech mat Google zesumme gesat fir "Photograph" an enger anerer Form erauszebréngen.
D'Lidd gëtt an der neier Pub vu Google genotzt, fir d'Leit dozou ze encouragéieren hire Google Foto-Service ze notzen, wou een op al Fotoen zréckblécke kann. Dofir goufen d'Lyrics ugepasst, an och Zeenen aus dem original Musekvideo nogestallt an al Fotoen vun de Bandmemberen genotzt. Wéi zum Beispill an der faméiser Zeene wou de Sänger Chad Kroeger eng Billerrumm an d'Kamera hält. Do gouf d'Rum duerch e Smartphone ersat, wou een den original Shot gesäit.
Net nëmmen huet Google esou seng Reklamm opgepeppt, mee d'Chance sti gutt dass elo erëm méi Leit op d'Lidd opmierksam ginn a sech "Photograph" erëm méi ulauschteren. An e bësse schmunzelen huet jo och nach kengem geschuet.