© GABRIEL BOUYS / AFP
D'Sängerin Rihanna soll onerlabt e Lidd vum King Khan a sengem Meedchen Saba Lou op Instagram benotzt hunn.
De Popstar Rihanna huet sech e bëssen onbeléift gemaach. De Grond: seng Make-Up Linn "Fenty Beauty". D'Sängerin hat onerlabt d'Lidd "Good Habits (and Bad)" a senger Instagram Story benotzt, fir seng Mark Fenty Beauty ze promoten. D'Werbung gouf ronn 3,4 Millioune mol gekuckt. Ma d'Kënschtler vum Lidd goufen awer net ernimmt, a waren och net frou do driwwer. Dofir gouf d'Rihanna elo vum kanadeschen Museker King Khan a sengem Meedchen Saba Lou verklot.
D'Rihanna ass elo dozou opgefuerdert ginn d'Lidd net méi ze benotzen an dem King Khan a sengem Meedchen en nach net bekannte Schuedenersatz ze bezuelen. Nach huet d'Riri sech net zu der Uklo geäussert.