De Lil Durk dee schonn a Kooperatioun mam Drake geschafft huet, huet elo säin néien Album verëffentlecht. The Voice feat. Young Thug, 6LACK a King Von.

De Lil Durk deen dëst Joer scho mam Drake kollaboréiert huet, fir den Hit "Laugh Now Cry Later", huet säin néien Album verëffentlecht. Dëse besteet aus 16 Tracks an Zesummenaarbecht mam 6Lack, Young Thug, the late King Von, YNW Melly a méi.

Den 23. Dezember huet hien den Album op sengem Instagram ugekënnegt mat dem Message "The Voice dropping Midnight, tell the trenches I am back". Mam Album huet hie vill Leit iwwerrascht, wëll et huet warscheinlech keen domadder gerechent dass de Lil Durk nach an dësem Joer en neien Album verëffentlecht.

Domadder huet de Rapper aus Chicago bewisen dass hien net nëmmen a senger Heemescht Succès huet, mee och International. Esou kann ee behaapten dass "The Voice" ee wuel fundamentale Schrëtt a senger Karriär ass an ee gespaant op méi waarde kann.