© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/File/Jamie McCarthy
D'Ariana Grande a säi Verloobten den Dalton Gomez hunn eng Aktioun gestart an zwar ganz am Sënn vu Chrëschtdag.
D'Ariana Grande an de Dalton Gomez hunn eng deck Portioun Freed a Chrëschtdagsstëmmung verbreet. D'Koppel huet nämlech de Patienten an hire Familljen am UCLA Mattel Kannerspidol a Kalifornien hier Chrëschtdagswënsch erfëllt.
Si hunn dofir Kaddoe fir all Alterskategorie erausgesicht a verschenkt. Domadder hunn si ganz fille Leit eng Freed gemaach. Ausserdeem gouf et duerno fir jiddereen nach ee Stéck Pizza: also konnten och d'Mataarbechter vum Prominente Besuch profitéieren.
Kelli Carrol, Direktesch vum "Chase Child Life program" huet da säi Merci an engem Presse Statement ausgedréckt “Our patients are in love! Especially our Ariana Grande superfans”. Sie wären alleguerte wierklech dankbar a géifen hire wonnerbare Partner an dem Ariana Grande Merci soen, déi wärend de leschte Wochen esou vill un Kanner gespent hunn, an hinnen eng Freet gemaach hunn.
Dozou kann ee just soen dass dat eng wierklech cool Aktioun war, déi grad dëst Joer Chrëschtdag nach méi appreciéiert gëtt. Well e bësse Léift a Frëndlechkeet ass genee dat wat mer elo brauchen.