Dat huet de Bassist vun der amerikanescher Band matgedeelt.

Zanter hirem Album "Walls" am Joer 2016 huet d'Band net méi ganz vill vu sech héiere gelooss. Am Mäerz hat d'Band zwar nach eng Live-Opnam vum Lidd "Going Nowhere" op YouTube gedeelt, mee weider nei Musek huet op sech waarde gelooss. Ma elo soll d'Waarden dann op een Enn kommen. De Bassist vu Kings of Leon, den Jared Followill, huet iwwer Twitter matgedeelt, dass an 2 Wochen nei Musek do ass. An huet direkt eng nei Single geteased. Dës nennt sech "Must Catch The Bandit". Ob et och een neien Album gëtt ass awer nach net gewosst.