© Tommaso Boddi / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Fir d'Sängerin war et wuel net dee beschte Chrëschtdag.
OP Hellegowend ass d'Jessie J amplaz mat der Famill ze feieren an d'Spidol ageliwwert ginn. Dëst nodeems d'Sängerin wakereg ginn ass an d'Gefill hat um rietsen Ouer daf ze sinn, a mat permanentem Schwindel geplot war. Am Spidol krut d'Jessie J dann d'Diagnos vu "Morbus Meunière". Dëst ass eng Krankheet déi d'Ouer betrëfft, an duerch déi déi Betraffen ënner akutem Schwindel, Problemer mam Gläichgewiicht, Iwwelzegkeet oder och dem Verloscht vum Gehéier ze kämpfen hunn.
Wéi d'Sängerin iwwert Instagram matgedeelt huet, wier et elo nees doheem a krut Medikamenter géint d'Krankheet. Virun allem wier et immens dankbar, fir all déi Leit déi em geschriwwen hu mat Tipps fir mat der Kränkt ëmzegoen. An och, dass et zwar net angeneem ass mee, dass et d'Jessie och vill méi schlëmm hätt kënnen treffen. Virun allem wier et frou iwwert seng Entscheedung mat Zäiten an d'Spidol ze goen.