E Mëttwoch den Owend - Concertsfeeling fir doheem mat där beschter Live-Musek um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: Katy Perry

Wann een haut bedenkt, datt d'Katy Perry 2008 mat sengem Song "I Kissed A Girl" e reegelrechte Skandal ausgeléist huet, stellt ee sech esou seng Froen - wierklech laang ass dat jo definitiv nach net hier! Trotzdeem sollt der Sängerin hir Debut-Single e groussen Hit ginn, deen et ënnert anerem an den USA, an Australien oder an Däitschland bis un d'Spëtzt vun den Charts packe sollt.

Domat war deemools dann och direkt kloer wou et fir d'Katy Perry a punkto Karriär sollt higoen. Zesumme mat sengen Haus-Produzenten a - Songwriter Dr. Luke a Max Martin huet d'Katheryn Elizabeth Hudson grouss Hits ewéi "Hot n Cold", "Firework", "Last Friday Night", "Dark Horse" oder "Never Really Over" geschriwwen. Haut gehéiert d'Katy Perry zu deene ganz Groussen am Pop-Business.

Am November 2019 ass d'Musekerin bei där alleréischter Editioun vum OnePlus Music Festival zu Mumbai an Indien als Headlinerin opgetrueden. Wärend ganz idyllesch d'Sonn ënnergaangen ass, huet d'Katy knapps annerhallef Stonn mat sengem Gesang an enger epescher Büne-Show iwwerzeegt.

Erlieft d'Katy Perry live vum OnePlus Music Festival zu Mumbai - e Mëttwoch den Owend vun 19h00 Auer un um Eldo a via Livestream op eldo.lu an an der App!