Nach ni stoungen esou vill verschidden Alben op der Nummer 1 an de britteschen Album-Charts wéi dëst Joer.

Wéi d'Official Charts Company matgedeelt huet, stoungen am Laf vum Joer 2020 ganzer 43 verschidden Alben ganz uewen an den Charts. Dat ass een neie Rekord! Am Joer 2019 haten et nämlech "just"32 verschidde Longplayer et gepackt sech op der éischter Plaz vun den Album Charts ze klasséieren. Am Joer 2018 waren et der souguer nach manner, nämlech just 19.

Dat bedeit awer och, dass déi meescht Nummer-1-Alben sech net méi laang wéi eng Woch uewen an den Charts gehalen hunn. Nëmmen 3 Alben haten et gepackt sech méi laang op der éischter Plaz ze halen. An dat waren iwwregens alles Wierker vu weibleche Kënschtler.

Dem Dua Lipa säin Album "Future Nostalgia" hat et gepackt wärend zwou Woche ganz uewen ze bleiwen. Och "Chromatica" vum Lady Gaga huet sech zwou Woche laang op der Nummer 1 breet gemaach. An d'Taylor Swift huet et souguer gepackt ganzer 3 Wochen d'Album-Charts ze dominéieren, dat mat sengem Album "Folklore".