Silvester wëll de Rapper den Titel "Angst" live presentéieren!

2020 war och fir den Apache 207 e Joer mat Ups and Downs. Zwar gehéiert en dëst Joer zu den erfollegräichsten däitsche Rapper a konnt sech bei Spotify, wéi och Apple, un d'Spëtzt vun der Jores-Charts kämpfen, trotzdeem huet en onfräiwëlleg den nächste grousse Schrëtt a senger Karriär missen ausfale loossen. 2020 sollt en op seng éischt Tour goen, déi ass wéinst der Pandemie natierlech ausgefall an och di nei Datumer fir 2021 stinn de Moment nach op wackelege Been.

No dësen Informatiounen ass et ronderëm de Rapper fir d'éischt emol roueg ginn, bis elo! Op Instagram huet en en Trailer gedeelt, dee Grousses fir de Joreswiessel versprécht: En neie Song an eng Live-Performance.

Den 31.12.2020 um 23h15 wëll den Apache 207 d'Premiere vu sengem neie Song "Angst" feieren an de Museksvideo mat senge Follower deelen. 15 Minutte virun dësem Release wëll en awer och e Livestream maache mat enger Live-Performance fir senge Fans wéinstens e bësse Concertsfeeling ze vermëttelen.