Et gëtt nees ee klenge Virgeschmaach op den neien Album "Medicine at Midnight" vun de Foo Fighters

Nodeems d'Band vum Dave Grohl an der SNL hir nei Single "Shame Shame" virgestallt hunn, gouf elo nees nei Musek geteased.

Op Twitter huet d'Band een Auszuch vun enger neier Single gedeelt. Dobäi steet just: New Year. New music...(sooner than later!)

Wéi den Titel heescht  a wéini Fans domat rechne kënnen, dat ass leider nach net gewosst mee wéi d'Band selwer seet "éischter méi frei, wéi méi spéit"!