De Frontsänger V aka Kim Tae-hyung kritt 25 Joer. Seng Fans kafe Werbung um Time Square zu NY, an eng Liichtshow zu Dubai um Burj Khalifa.

K-Pop Fans kenne se scho méi laang, mee och dëst Joer hu vill Leit déi näischt mat K-Pop um Hutt hunn, vu BTS héieren. Mat hirer Single "Dynamite" hu si momentan internationale Succès. De Frontsänger V zelebréiert dann haut säi Gebuertsdag (30.12.2020) an d'Fans feiere mat. Hie gëtt 25 Joer al, oder 26 laut dem Koreanesche System.

E Chinesesche V-Fan Club , China Baidu Vbar, huet eng 3 Minutte laang Musek a Liichtshow fir säi Gebuertsdag organiséiert. Dat net iergendwou, mee um Burj Khalifa, dem héchste Gebai op der Welt. Dobäi gouf dann eng riseg Foto op den Tuerm projezéiert, mat Texter wéi "Happy V Day".

De V huet dann och mat senge Fans via "V Live", engem Koreanesche Video Streaming Service, gechatt a gefeiert. Zudeem huet hien e bëssen iwwert säi Mixtape geschwat, deen hien am Laf vum nächste Joer rausbrénge wëll. Hien géif de Mixtape verëffentleche wann hie Loscht drop hätt an et ganz fäerdeg wier, wat vill Fans freeë wäert .