De Rapper hat sech geweigert eng Mask unzedoen a muss elo mat de Konsequenze rechnen...

De Lil Pump huet dëst Joer definitiv net mat all ze ville positive Schlagzeile geglänzt a genee esou schléisst e säi Joer dann elo och of. De bekennenden Trump-Supporter deet sech wuel méi schwéier domat di aktuell Corona-Mesuren anzehalen an huet sech bei engem Fluch geweigert seng Mask unzedoen. Ma domat net genuch, de Rapper ass och nach ausfalend vis-à-vis dem Fluch-Personal ginn an huet d'Leit domat provozéiert an deem s e virgetäuscht huet missen ze houschten an an d'Decken ze schnäizen.

D'Fluchgesellschaft huet sech dat net laang bidde gelooss an dem Lil Pump ganz einfach liewenslaang Fluchverbuet erdeelt. Mat "Jet Blue" wäert een de Rapper also an Zukunft net méi reese gesinn.