Dëst Joer waren net wierklech vill Festivaller oder Concerten. Wéi wier et dann elo mat engem digitale Festival fir Silvester mat 25 Artisten op 4 Bünen?

Den 31.12.2020 gëtt fir vill Leit warscheinlech net esou flott wéi déi lescht Joren. Ween also nach keng Pläng, awer nach Budget iwwereg huet, dee kann sech en Ticket fir d'Online Versioun vun Tomorrowland kafen. Et ginn 3 verschidden Zorten Tickete vun 20 bis 50€, woubäi ee fir 20€ de Basis Ticket kritt. Mat deem kann een dann all Concerte live verfollegen. Déi aner Präiskategorien enthalen natierlech de Basis Ticket, mee och Zougrëff op d'Video- on Demand Plattform. Op dëser kann een dann d'Concerten all nach eng kéier kucken.

De Festival start Silvester um genau 20h00. D'Zäite sinn sou ugepasst dass een sech keng Suergen em Zäitverschibung maache muss, well et ëmmer 20h00 lokal Zäit ass, dat an all den Zäitzonen. Fäerdeg ass dat ganzt dann den 01.01.21 géint 03h00.

En Team vun iwwer 200 Leit hunn 32.000 Stonnen um Projet geschafft an d'Erfarunge vun dem digitale Summer Festival genotzt fir d'Erliefnes nach weider ze verbesseren. Mat eenzegaartegen digitale Bünen, 3D Design a spezial Effekter. Op 4 digitale Büne spillen da bekannte Museker. Enner anerem sinn dat Meduza, Major Lazer, David Guetta, Lost Frequencies, de Snoop Dogg aka DJ Snoopadelic an nach vill méi. Am ganze stinn 25 DJ's hannert den Turntables.

Ween interesséiert ass dee kann sech nach schnell en Ticket kafen a Silvester vläicht op der gréisster Party mat danzen.