D'Sängerin huet ee richtegt Throwback-Kleedungsstéck, mat engem kryptesche Message, gepost.

D'Fans vun der fréierer No-Doubt Frontfra freeë sech elo nach ee Stéck méi op dat neit Joer. De Grond: een Instagram Post vum Gwen. Op dësem gesäit een e Rimm mam Schrëftzuch "Bananas".

De Post léist dorop hoffen dass d'Sängerin den 1. Januar 2021 e neit Lidd rausbréngt, dat awer éischter a Richtung "Hollaback Girl" Zäite vun 2004 goe kéint.