Nach virum neie Joer iwwerrascht de kanadesche Sänger Justin Bieber eis live mat enger neier Single.

Den Justin Bieber wäert den 31. Owes wärend engem Silvester-Optrëtt seng nei Single "Anyone" firstellen an och performen.
Dat huet de kanadesche Sänger op Twitter confirméiert.

Den Optrëtt wäert géint 4:15h eiser Zäit ze gesi sinn, mee gëtt den 1. Januar um 11h00 an um 21h00 redéfuséiert ginn.

Wann een den Oprëtt live wëll gesinn, muss een 25 Dollar bezuelen.