Et huet laang gedauert, mee d'Waarden huet een Enn: d'Kings of Leon hunn neit Material ustoen.

De Bassist vun der US-amerikanescher Band Kings of Leon hat et op Chrëschtdag schonn ugekënnegt: nei Musek kënnt sécher! De 7. Januar ass et dann elo esou wäit. Da releasen d'Kings Of Leon net nëmmen eng, mee direkt zwou ganz nei Singles! Dës nenne sech "Must Catch The Bandit" an "Feel The Way You Do". Et ass déi éischt nei Musek vun der Band zanter hirem leschten Album "Walls" aus dem Joer 2016.

Ma nieft deenen zwou Singles déi an e puer Deeg dobausse sinn, huet d'Band op hirem Instagram Account och nach zwou weider nei Singles geteased! Dat ass eemol d'Lidd "Dancing In Your Head" an nach d'Single "Spin It Like We Can". Fir dës zwou Singles gëtt et awer nach keen Datum. Et dierft een awer domat rechnen, dass et och net all ze laang dauert, bis dës dobausse sinn.